Nondikass ass ee Gesellschaftspill iwwer de Lëtzebuerger hir léifste Beschäftegung: Geld ausginn. Verdéng Suen, kaaf dir Luxusartikelen, géi gutt iessen a sammel doduerch Happiness-Punkten. De Gewënner ass dee Spiller deen zum Schluss déi glécklechste Famill huet.
Eist Spill ass säit dem 17.Oktober 2022 iwwerall erhältlech wou ët gutt Spiller ze kaafe gëtt.
Du kanns d’Spill awer och elo direkt iwwer eis Websäit bestellen a mir liwweren dir ët gratis Heem!