Spillt lokal: Nondikass gouf zu Lëtzebuerg entworf an an Europa gedréckt.
1 Spillbriet, 70 Kaarten, Spillgeld, Spillsténg, Gebrauchsuweisung
Verdéng Suen, kaaf dir luxuriéis Saachen a sammel doduerch Happiness-Punkten.
Spill mat Kollegen, mat der Famill oder op dengem nächsten Date. Ab 10 Joer, Spillzäit 45-60 Minutten.
Nondikass ass ee Gesellschaftspill iwwer de Lëtzebuerger hir léifste Beschäftegung: Geld ausginn. Verdéng Suen, kaaf dir Luxusartikelen, géi gutt iessen a sammel doduerch Happiness-Punkten. De Gewënner ass dee Spiller deen zum Schluss déi glécklechste Famill huet.
Eist Spill ass elo am Drock an wäert ab Mëtt Oktober iwwerall zu Lëtzebuerg erhältlech sinn wou ët gutt Spiller gëtt.
Du kanns d'Spill awer och elo schonn virbestellen a mir liwweren dir ët nach virum offiziellen Verkaafsstart gratis Heem!
Mat sengem modernen Design gëtt d’Spill exklusiv op héichqualitativ Komponenten gedréckt. D’Auteuren hunn besonnesch Opmierksamkeet op d’Wiel vu Liwweranten a Materialien geluecht. 100% vun de Nondikass Komponente ginn an Europa gedréckt an zesummegestallt. D’Lëtzebuerger Agence The Funky Monkey këmmert sech ëm de Grafikdesign vum Spill, grad ewéi ëm de Marketing.
D’Spill enthält déi folgend Komponenten: Spillplang, 70 Kaarten, 2 Päck Geldschäiner, Spilldäpp, Spillregelen.
Si ënnerstetzen eis beim Erausbréngen vum Brietspill Nondikass.
Säit ëmmer Fan vun all Zorte vu Brietspiller, haten d'Dunja Bredimus an de Louis Reding Ufank 2022 d'Iddi fir hiert eegent Spill z'entwéckelen. Déi zwee Grënner vun der Agence The Funky Monkey hunn net ee Moment gezéckt fir sech an dëst Abenteuer ze stierzen.
D'Agence The Funky Monkey gouf 2019 gegrënnt an huet sech séier en Numm gemaach an der Landschaft vun de lëtzebuerger Agencen déi spezialiséiert sinn am Digitale Marketing.
contact@brietspill.lu
(+352) 691 151 072
Produktnummer: 5419980276803
Schreif dech hei fir eise Newsletter an. Mir haalen dech iwwer all Neiegkeeten vun eisem Spill um Laafenden.