Eis Iddi war et fir een lëtzebuerger Brietspill ze entwéckelen, dat wirklech Spaass mecht an dacks gespillt gëtt.
Ee flott Spillkonzept, dat vill Stonne Spaass garantéiert!
Mat sengem modernen Design gëtt d’Spill exklusiv op héichqualitativ Komponenten gedréckt. D’Auteuren hunn besonnesch Opmierksamkeet op d’Wiel vu Liwweranten a Materialien geluecht. 100% vun de Nondikass Komponente ginn an Europa gedréckt an zesummegestallt. D’Lëtzebuerger Agence The Funky Monkey këmmert sech ëm de Grafikdesign vum Spill, grad ewéi ëm de Marketing.
D’Spill enthält déi folgend Komponenten: Spillbriet, 75 Kaarten, 2 Päck Geldschäiner, Spilldäpp a Würfel, Spillregelen.
De Gewënner ass wien zum Schluss déi glécklechste Famill huet. Fir dëst Zil ze erreechen, muss du d’Geld dats du dir erschafft hues ausginn an doduerch Happiness-Punkte sammelen. Wats du dir méi Luxus gënne kanns, wat deng Famill méi glécklech ass.
Du kriss Happinesspunkten, andems du dir Kaarten vun de folgenden Kategorien keefs:
D’Spill ass fir 2-4 Spiller vun 9-99 Joer an dauert ongeféier 45 Minutten.
Op eisem TikTok Kanal fannt dir vill interessant Infos rondrëm d’Spill an doriwwer wéi mir et produzéiert hunn.
Fir all Froen kënnt dir eisen och gären eng Email schécken op contact@brietspill.lu
Si ënnerstetzen eis beim Erausbréngen vum Brietspill Nondikass.
Du kriss d’Spill a ville Lëtzebuerger Bicher- a Spillergeschäfter ze kaafen, oder du kanns et och direkt hei op eiser Säit kaafen an dann schécken mir dir et gratis heem.