Mat sengem modernen Design gëtt d’Spill exklusiv op héichqualitativ Komponenten gedréckt. D’Auteuren hunn besonnesch Opmierksamkeet op d’Wiel vu Liwweranten a Materialien geluecht. 100% vun de Nondikass Komponente ginn an Europa gedréckt an zesummegestallt. D’Lëtzebuerger Agence The Funky Monkey këmmert sech ëm de Grafikdesign vum Spill, grad ewéi ëm de Marketing.
D’Spill enthält déi folgend Komponenten: Spillbriet, 75 Kaarten, 2 Päck Geldschäiner, Spilldäpp a Würfel, Spillregelen.